Zum Weltfraendag

image_nationalitéitegesetz
Reform Nationalitéitegesetz: oppen si fir nei Lëtzebuerger
8 février 2017
chd
#Etat2017: Liewensqualitéit fir Lëtzebuerg
27 avril 2017

Zum Weltfraendag

weltfrauentag

« Keng Sonderechter, mä Mënscherechter »- dat hat déi däitsch Sozialistin Clara Zetkin 1910 op dem II. Kongress vun der Sozialistescher Internationaler zu Kopenhage gefuerdert.

De Weltfraendag gëtt dëst Joer fir 106. Kéier “gefeiert”. Net nëmmen den 8. Mäerz, mä och Deeg virdrunner an dono fanne vill Veranstaltungen duerch ganz Land statt. Doniewent bitt sech awer och d’Geleeënheet fir e Bilan iwwert déi geleeschte Fortschrëtter ze zéien. An do solle mär houfreg op dat si wat, säit dës Koalitioun um Rudder ass, alles ëmgesat gouf. Mär hunn en ambitiéise Aktiounsplang, deen esougutt gläichberechtegt Participatioun vu Fra a Mann an allen Beräicher vun eiser Gesellschaft wëll duerchsetzen, wéi och d’Visibilitéit vun de Fraen am ëffentleche Raum verbesseren. Dofir hu mär um legislative Plang eng Rëtsch Gesetzer gestëmmt zb. fir d’Festschreiwung vun der Egalité salariale am Aarbechtsrecht, d’Geschlechterquote bei de Landes- an Europawahlen, den Ausbau vum Programm fir Actions positives, vergiesse mär dobäi awer och net Reforme vum Ofdreiwungsgesetz, Mariage an Adoptiounsrecht a Congé parental.

Dësen Dag gëtt awer vu Verschiddene belächelt an och emol a Fro gestallt. Dat fannen ech schued. Fir mech ass de Weltfraendag e Symbol fir d’Gläichberechtegung tëschent Fra a Mann.

Et ass wichteg drun ze erënnere firwat et e Weltfraendag gëtt. E Bléck an Vergaangenheet oder e Gespréich mat Fraen aus anere Generatiounen, Temoignage sinn do ganz opschlossräich.

Während de Fraendag nach bis zum 2. Weltkrich enk mat den Aarbechterkämpf verbonne war, huet ën sech an de 70er am Kader vun der Entwécklung vun der neie Fraebeweegung zu engem Dag vun der Fraesolidaritéit ënner Fraen aus alle Milieuen a politeschen Ausriichtungen entwéckelt.

Déi Rechter vun deene meng Generatioun haut ka profitéiere sinn net einfach vum Himmel erofgefall, mä haart erkämpft. Villes ass nach laang net selbstverständlech an dofir ass de Prozess och ni ganz ofgeschloss. D’Zäiten änneren sech an domadder stellen sech och permanent nei Erausfuerderungen. Ech engagéiere mech fir Acquisen ze verteidegen an auszebauen. Net all d’Problemer vun de Frae gëschter sinn d’Problemer vun de Frae vun haut – awer eng Partie dovunner!

Dat feministescht Denken, wat mär haut brauchen, beméit sech ëm d’Forme vum Ëmgang, an deene Fraen a Männer ouni Zwang, tatsächlech gläichberechtegt liewe kënnen. Et geet ëm d’Verwierklechung vun der Chancëgläichheet, ëm gläichberechtegt Participatioun vu Fraen an der Aarbechtswelt an an alle politeschen Entscheedungsprozesser a gesellschaftlech Ressourcen. Dofir brauche mär méi Solidaritéit – ënnert de Fraen an awer och tëschent de Geschlechter!

error: Content is protected !!