Wéi ass d’Altersangab vu Videospiller gereegelt?

RTL TR Wahlen 2018_2
RTL Table-ronde: Famill a Soziales
2 octobre 2018
e-sports1
eSports zu Lëtzebuerg unerkennen a fërderen?
2 octobre 2018

Wéi ass d’Altersangab vu Videospiller gereegelt?

video_1

Fir Videospiller brauch et eng Altersangab, ab wéini en Spill recommandéiert gëtt, grad ewéi dat fir Filmer, sief et beim Kaf op DVD, am Stream oder am Kino, de Fall ass. Et ass wichteg, net jugendfräi Inhalter kloer ze kennzeechnen. An Europa ass d‘PEGI (Pan-European Game Information) dofir an dësem Domaine aktiv.

D’Roll vu PEGI ass et, eng kloer Empfeelung fir eng Altersfräigab ze maachen, an och d’Zort vu net jugendfräien Inhalter (Duerstellung vu Gewalt, vun Drogen etc.) unzeginn, fir dass sech och Elteren e kloert Bild maache kënnen.

An deem Kader wëll ech vum Justizminister wëssen: Ob d’PEGI aktuell déi eenzeg homologéiert Associatioun ass, fir dës Altersangab opzestellen? Ob dëse System vu Selbstreguléierung vum Secteur duergeet? Ob Konsequenze kënne geholl gi wann Spiller un e Mannerjäregen, dee laut Altersangab nach ze jonk ass, verkaaft ginn? A wéi een dës Problematik op Streaming-Plattformen ugoe kéint.

>>> Detailer: https://www.lsap.lu/wei-ass-daltersangab-vu-videospiller-gereegelt/

error: Content is protected !!