RTL Table-ronde: Famill a Soziales

Thumbnail
« Ënnerwee mam Taina »
10 septembre 2018
video_1
Wéi ass d’Altersangab vu Videospiller gereegelt?
2 octobre 2018

RTL Table-ronde: Famill a Soziales

RTL TR Wahlen 2018_2

Proposen a kontrovers Iddien hunn ech mat KandidatInne vun anere Parteien diskutéiert.

Mär war et wichteg ze ënnersträichen, datt mär eng modern Familljepolitik maachen: wou mär d’Konditioune fir Familljen verbesseren, fir béid Partner, zesummen, sech kënnen gutt ëm Kanner, Stot a Beruff ze këmmeren.

Fra, Mann hautesdags wëllen aktiv sinn an si wëlle Kanner. Si wëllen sech net mussen decidéieren „entweder dat eent oder dat anert“. Dofir brauche si Moyen.

An d’LSAP steet fir eng Familljepolitik vun 2018:

  • eng Politik déi engersäits méi a Sachleeschtungen wéi Geldleeschtungen investéieren
  • an anerersäits op Besoin Elteren ausgeriicht mat konkrete Mesure fir Famill + Beruff besser ënnert een Hutt ze kréien

D’Famillje solle méi Zäit fireneen hunn. Dat kéinte mär eis virstellen iwwert :

  • flexibel Aarbechtszäitmodeler, Recht op Deelzäit
  • eng Aarbechtszäitreduktioun mat eiser Propose vun enger 38h Woch, ouni Verloschter am Salaire
  • 6. Congéswoch

 

Absolut net averstaane sinn ech mat der Propose vum ADR fir en Eltergeld anzeféieren, wëll hiert « Elteregeld vun haut sinn d’Hongerrente vu muer ». E vergëfte Kaddo deen d’Fraen trotz hirer Aarbecht déi si doheem geleescht hunn an d’Onsécherheet dreift.

>>>hei meng Argumentatioun : https://www.facebook.com/lsap.lu/videos/524388391307172/

 

>>>déi ganz Sendung am Replay : http://www.rtl.lu/letzebuerg/walen/news/1241962.html

 

 

error: Content is protected !!