Reform vum RMG

salaire
Egalité salariale
24 décembre 2016
mairie_esch-sur-alzette_01
Budget 2017 mat e puer Projeten
19 janvier 2017

Reform vum RMG

Image RMG

Kierzlech huet d’Familljeministesch eis an der zoustänneger Chamberskommissioun d’Grondlinne vun der Reform vum RMG virgestallt. Dëse soll an Zukunft « Revis » (Revenu d’inclusion sociale) heeschen. Dobäi ass et wichteg, datt net einfach d’Verpackung ännert, also den den Numm changéiert mä datt kloer Verbesserunge kommen. An déi gesinn an deem wat mär virgestallt kritt hunn.

D’Haaptzil ass eng besser sozial Inclusioun an Aarmutsbekämpfung. Den Revis bleift domadder eng wichteg staatlech finanziell Ënnerstëtzung fir Leit an Nout.

Mat der Reform gi 4 Zieler verfollegt :

  1. Approche d’inclusion sociale
  2. Kohärenz tëschent de Servicer, Programmer a Mesuren
  3. Bekämpfung vun der Kanneraarmut an der vun den Elengerzéiend
  4. administrativ Vereinfachung

D’Integratioun an den Aarbechtsmarché ass dat beschte Mëttel fir zur Gesellschaft dozou ze gehéieren an de beschte Schutz géint Aarmut. D’Adem soll elo hei e wichtege Partner ginn.

Allerdéngs wëll ech awer och nach drop hiweisen, datt ganz vill vun de RMG-Bezéier vun haut schaffen. Oft gëtt gemengt datt déi Leit net täteg wären. Dat ass net richteg, vill kréien aktuell eng «allocation complémentaire», wëll se net genuch verdénge fir ze liewen. Aarm trotz Aarbecht ass fir vill Leit eng Realitéit!

A fir mech steet de Staat an der Flicht d’Bierger beschtméiglech virun Aarmut ze schützen. An et ass och Aufgab vun eis Politiker d’Ursaache vun der Aarmut weiderhi konsequent ze bekämpfen. An ee wichtegen Deel dovunner soll elo d’Reform vum RMG sinn.

>>>Reportage dozou op RTL

error: Content is protected !!