Reform Nationalitéitegesetz: oppen si fir nei Lëtzebuerger

mairie_esch-sur-alzette_01
Budget 2017 mat e puer Projeten
19 janvier 2017
weltfrauentag
Zum Weltfraendag
8 mars 2017

Reform Nationalitéitegesetz: oppen si fir nei Lëtzebuerger

image_nationalitéitegesetz

Haut, den 9. Februar 2017, hu mär an der Chamber iwwert dat neit Nationalitéitegesetz ofgestëmmt. An aller Däitlechkeet wëll ech soen, datt dës Reform d’Auslännerwahlrecht net duerch d’hënnescht Dier erabréngt, wéi Kritiker behaapten. Villméi wëlle mär mat der Reform erreechen, datt eist Land weiderhin oppe bleift fir nei Lëtzebuerger, mam Haaptzil  den Zougang zur Lëtzebuerger Nationalitéit méi einfach ze maachen.

Säit Joren engagéieren sech politesch Kräften, wéi d’LSAP géint den Demokratiedefizit (45,1% vun de Resident am Wahlalter däerfe kee Representant um nationalen Niveau wielen!) virzegoen + wëll dofir suergen, datt Lëtzebuerg senger Traditioun als oppe Land, dat nei Matbierger gären ophëlt + wëllkommen heescht, trei ze bleiwen.

Ech loossen net gëllen, datt Net-Lëtzebuerger virgeworf gëtt, si wéilten sech guer net integréieren + abiergeren –Aussoen déi besonnesch am Kader vum Referendum 2015 ze héiere waren. Dat ass zevill einfach + v.a. ass et net fair!

Vill versoen am Lëtzebuergesche Sproochentest an engem méisproochege Land, an deem si schaffen + hir Kanner an d’Schoul ginn. Anerer ginn op, wëll et hinnen ze komplizéiert ass + se d’Zäit net fannen niewent hirer Aarbecht nach intensiv ze léieren, obwuel si am Alldag duerchaus Lëtzebuergesch schwätzen.

Dofir wëlle mär elo déi Interesséiert an hiren Demarchen ënnerstëtzt + d’Prozeduren méi einfach + fair gestalten.

D’Reform baséiert op engem breede Konsens, dee mat den Oppositiounsparteien + der Zivilgesellschaft gesicht ginn ass. Méi Leit, déi e reelle Lien mam Land hunn, soll erméiglecht ginn, de Lëtzebuerger Pass ze kréien + dat elo iwwer 3 Weeër: Naturalisatioun, Optioun + Droit du Sol. Dozou zielen folgend Ännerungen déi jeeweils u bestëmmte Konditioune gebonne sinn, wéi:

  • „droit du sol“: ab 18 Joer, d’Optioun ab 12 Joer
  • Residenzdauer geet nees op 5 Joer erof
  • Residenzdauer säit min. 20 Joer
  • Bestiednis mat engem Lëtzbuerger/-in
  • Zaldoten, déi min. 1 Joer am Déngscht vun der Lëtzebuerger Arméi stoungen
  • 7 Joer Scolaritéit
  • « aïeul luxembourgeois » (Lëtzebuerger Virfahren hunn) soll just nach bis Enn 2018 gëllen

>>> déi eenzel Elementer zur Reform sinn um Site vun der Chamber erklärt mat engem flotte Video dozou.

 

error: Content is protected !!