Firwat sinn ech an d’Politik gaangen?

Zitat Ärzte: « Es ist nicht deine Schuld, dass die Welt ist, wie sie ist. Es wär‘ nur deine Schuld, wenn sie so bleibt. Denn wer nicht mehr versucht zu kämpfen – kann nur verlieren! »

Nëmme wien sech abréngt kann och gelauschtert ginn – an dofir maachen ech Politik, well ech denken, dass een duerch näischt maachen, wann iwwerhaapt nëmme wéineg areeche kann. Ech gleewen drun, dass Politik eppes verännere kann, soss géif ech keng maachen. Politik ass eng sënnvoll Méiglechkeet op d’Gesellschaft Afloss ze huelen. Kritik üben ass einfach, sech dem Problem stellen a versichen Alternativen ze fannen, ass d’Erausfuerderung. Ech fannen et enorm wichteg, d’Welt duerch déi eegen Aen ze kucken an net alles einfach blann ze akzeptéieren.

En Engagement an der Politik bitt a mengen Aen eng gutt Méiglechkeet politescht Denken, Diskussioun an Agéieren a villen Themeberäicher innerhalb vun engem Gesamtkontext ze bedreiwen. Demokratie ass ni fäerdeg, mä mär mussen all Dag fir se kämpfen. Mäin Antrëtt an eng Partei war eng bewosst Decisioun; et ass mär nämlech wichteg, mech fir d’Leit, déi hei liewen, an iwwert d’Grenzen eraus, politesch aktiv anzesetzen.

"Duerch mäin Engagement wëll ech eis Gesellschaft méi gerecht gestalten a mech och besonnesch fir déijéineg asetzen, déi hir Stëmm selwer net erhiewe kënnen. Ech hu mär et zur Aufgab gemaach mech fir d’Fräiheet an d’Rechter vu menge Matmënschen anzesetzen."

Wat si meng politesch Grondsätz a meng Wäerter?

Meng Richtung ass kloer an heescht : Lénks. Lénks ze si bedeit fir mech fir eng gerecht Gesellschaft ze kämpfen an dofir ze suergen, dass all d’Leit e fräit a selwerbestëmmt Liewe féiere kënnen. Meng Aarbecht zielt drop of, eng Gesellschaft ze verteidegen, déi demokratesch organiséiert ass an op de Wäerter vu Fräiheet, Gläichheet, Gerechtegkeet a Solidaritéit berout. No iwwer 100 Joer sinn déi Grondsätz méi wéi je aktuell an ech wëll duerch mäin Engagement fir e bessert Zesummeliewen tëscht alle Leit antrieden (e bëssen ëmgeschriwwen, well dee leschte Satz war quasi identesch mat dem leschten aus dem Abschnitt virdrun).

Aarbecht a Beschäftegung si fir mech mat déi wichtegst Themen. Ech sinn allerdéngs keen Unhänger vum Motto „Aarbecht ëm all Präis“. Ech setze mech fir direkt Aarbechtsverhältnisser a wëll verhënneren, dass zäitlech begrenzten Aarbechtsverträg zur Norm ginn. Fir mech ass en Job méi wéi just Brout Verdéngen. Aarbecht kann a soll Freed maachen a Satisfaktioun bréngen, soll Perspektive bidden, virun allem awer muss een dovunner kënne liewen. Et duerfen net nach méi prekär Aarbechtsverhältnisser geschafe ginn. Ganz am Géigendeel! Mär brauche gerecht Léin, gutt Aarbechtskonditiounen a Perspektiven um Aarbechtsmaart, besonnesch fir déi Jonk. Ech halen um Mindestloun fest, souwuel um qualifizéierte wéi och um net-qualifizéierten. Sozial ass net zwangsleefeg, wat Aarbecht schaaft. Sozial ass nëmmen dat, wat gutt an anstänneg bezuelten a sécher Jobbe schaaft. D’Behaaptungen, dass eis Léin ze héich sinn, de Kënnegungsschutz ze vill streng ass an dass e Beschäftegte soll frou sinn iwwerhaapt emol eng Plaz ze hunn egal zu wéi enge Konditioune, sinn Ausdrock vun enger infekter a salariatsfeindlecher Politik déi ech net vertrieden. Gutt Aarbecht ass kee Privileg, mä e Recht fir jiddereen.

Och sinn ech Verfechterin vun engem staarke Sozialstaat, deen op Solidaritéit berout an alle Bierger eng héich sozial Sécherheet garantéiert. Eise Sozialsystem huet Virbildcharakter, wëll en sech um Wuelbefanne vun de Leit orientéiert an iwwert eng grouss Bandbreet u Sozialleeschtungen an Transferten verfügt, déi fir méi sozial Gerechtegkeet suergen an dem Mënsch Schutz a schwierege Liewenslagen offréiert. Et gelt déi sozial Sécherungsystemer an hirer momentaner Form ze erhalen, auszebauen an laangfristeg ofzesécheren. Viraussetzungen fir dës Ofsécherung sinn e staarke Wirtschaftswuesstem, zolidd Staatsfinanzen an en intelligenten Ëmgang mat de verfügbaren Ressourcen.

Duerch eng nohalteg Wirtschaftspolitik soll neie Wuesstem geschafe ginn fir dem groussen Ziel vun der Vollbeschäftegung nees méi no ze kommen. Ouni eng gutt funktionéirend Economie kënne mär keng gesellschaftlech Problemer léisen, nëmmen duerch Ëmverdeelung vum wirtschaftleche Räichtumkënne mir fir méi Gerechtegkeet a Chancegläichheet suergen. De Prinzip gëllt, dass d’Wirtschaft dem Mënsch soll déngen an net ëmgedréint. D’Economie ass an däerf kee Selbstzweck sinn, mä muss an éischter Linn de Bierger Wuelstand a Wuelergoen bréngen. An hei gëllt et déi konsequent Diversifizéierung vum Lëtzebuerger Wirtschaftsstanduert virun ze dreiwen a mam Logistik-Sektor, de Bio- an Ëmwelttechnologien souwéi dem ICT-Beräich nei Wuesstems- an Zukunftsmarcheeën ze erschléissen. Am Kontext vun der vill gefouerter Zukunftsdebatt wëll ech just drun erenneren datt d’Kultur- a Kreativwirtschaft, déi mir besonnesch um Häerz läit, eng Branche ass déi wiisst an och gutt Chance bitt fir wirtschaftleche Wuesstem, Innovatioun an zousätzlech Aarbechtsplazen. Dësen a Relatioun zu aneren nach neie Secteur gëllt et ze sécheren, ze stäerken, an d’Kreativitéit ze förderen.
Lëtzebuerg ass en Awanderungsland a wäert och an Zukunft op Migratioun ugewisen sinn. An eisem Land huet sech an deenen leschten Jorzéngten eng Gesellschaft entwéckelt, an där Mënschen vun den verschiddensten Originen liewen. Ëmsou méi wichteg ass et elo Efforten fir d’Zesummeliewen ze maachen an eng sozial Kohesioun ze garantéieren. D’Ziel vun den Integratiounsbeméiungen soll eng gläichberechtegt Participatioun um politeschen, sozialen, wirtschaftlechen a kulturelle Liewen vun de Migranten an eisem Land sinn. Integratioun ass e gesamtgesellschaftlechen Prozess, dee Beméiungen vu béide Säiten brauch fir ze reusséieren. Beréierungsängscht a Virurdeeler mussen ofgebaut, sozial Ausgrenzung verhënnert ginn.

Deementspriechend brauche mär en Edukatiounssystem wou all d’Kanner, onofhängeg vun hirer sozialer an ethnescher Hierkunft, d’Chance op eng anstänneg Ausbildung kréien. Net just quantitativ Efforten si gefrot, mä och qualitativer. Qualitéit fir déi Kleng sinn Investitiounen an Zukunft. Fir mech huet déi ëffentlech Hand eng besonnesch Verantwortung. Eng Crèche oder Maison relais ass awer net nëmmen do, fir datt d'Eltere kënne schaffe goen, mä och fir d'Kanner ze förderen, hinne besser Zukunftschancen ze ginn. Mäin Ziel ass d’Eenheet vu Betreiung, Erzéiung an Educatioun. Kannerbetreiung ass e Besoin an dofir setze mär eis an, dass Familljen aus ënnerschiddlech soziale Milieuen hir individuell Dagesofleef vereinbare kënnen.

Vereenbarkeet vu Beruff a Famill ass deemno e weideren Dossier mat deem ech mech ganz vill beschäftegen.

Ech gehéieren enger Generatioun u wou déi meescht Fraen d’Schoul mat engem Diplom verloossen a Verschiddener esouguer nom Lycée eng weider Formatioun oder en Héichschoulofschloss maachen. A Vill wëllen net (méi) mussen tëschent Beruff a Famill entscheeden - dat eent opgi fir dat anert kënnen ze hunn. D’Liewenswierklechkeet vun de Familljen huet sech verännert. Ech engagéiere mech ganz kloer fir Mesuren déi d'Privatliewe besser mam Beruffsliewe verbannen fir eng gutt Balance am Liewen ze erméiglechen. Déi Diskrepanz tëschent Wonsch a Wierklechkeet, déi zu enger gewëssener Onzefriddenheet ka féieren, muss iwwerwonne ginn. An dofir ass d’Politik do, fir d’Liewensrealitéit vun de Leit ze verbesseren. Ech zielen op eng Familljeförderung déi keng falsch Ureizer setzt. Och ofgeséchert Aarbechtsverhältnisser sinn extrem wichteg als praktesch Ënnerstëtzung fir erfollegräich Aarbechtsbiographien a selbststëmmt Liewensentwërf.

Eng modern Familljepolitik heescht fir mech an éischter Linn, déi ënnerschiddlech Liewenssituatiounen a Besoin vun de Familljen ze considéréieren. Ech fannen net, dass et der Politik zousteet, iwwert d'Familljeformen ze uerteelen, mä dass si se ze respektéieren huet. Familljepolitik däerf sech net op eng Äntwert beschränken, mä muss jee no Liewenssituatioun a Liewenslag ënnerschiddlech Äntwerten erméiglechen. D'Ziel vun der Familljepolitik besteet doranner, konkret Mesuren ze schafen fir d'Elteren ze ënnerstëtzen, an dobäi méi a Sachleeschtunge wéi a Geldleeschtungen ze investéieren.

Fir mech besteet eng Famill net nëmmen aus Papp, Mamm a Kand. Ech sti fir e modernt a fräit Familljebild. Fir mech ass Famill do wou Mënsche Responsabilitéit firenaner iwwerhuelen. Dozou gehéiere Koppelen mat oder ouni Familljebuch, genau esou Allengerzéiend, Patchwork- a Gläichgeschlechtlechlfamilljen. Och ënnerstëtzen ech eng Politik, déi d’Liewen an d’Rechter vu Lesben, Schwuler, Bisexueller esou wéi Trans- an Intersexuellen (LSBTI) stäerkt, fir e Liewen ouni Gewalt an ouni Diskriminéierung.

Wisou d’LSAP?

D’LSAP ass mäi politescht Doheem. D’Grondsätz wéi Fräiheet, Gerechtegkeet a Solidaritéit si fir mech keng eidel Wierder aus dem Klassekampf-Jargon. Ech sinn vun dëse Grondsätz iwwerzeegt, si sinn nach ëmmer aktuell. Sozialismus ass menger Meenung no, net nëmmen e Wuert, mee eng Liewensastellung: d’Striewen no sozialer Gerechtegkeet, ouni d’Realitéit aus den Aen ze verléieren. Problemer vun de Mënschen eescht ze huelen, zesummen ze diskutéieren an e Schrëtt no vir ze goen. Ech hu bei de Jusoen ugefaangen, wëll et mär wichteg war, an et och nach ëmmer ass, grad jonke Leit dës positiv Grondsätz méi no ze bréngen.

Politesch Karriere

2004 Eischte Kontakt mat de Jusoen
2008 -2012 JSL-Presidentin
2010 Grënnung vun der AHA
2011 Member vum Escher Gemengerot
2013 Deputéiert an der Chamber
2014 Vizepresidentin vun der LSAP
error: Content is protected !!