#Etat2017: Liewensqualitéit fir Lëtzebuerg

weltfrauentag
Zum Weltfraendag
8 mars 2017

#Etat2017: Liewensqualitéit fir Lëtzebuerg

chd

De Premier Xavier Bettel huet seng Ried zur Lag vum Land um sozialen a wirtschaftleche Plang gehalen. Dono hunn déi eenzel Fraktioun an der Chamber sech dozou positionéiert. Wéi steet et dann ëm eist Land? Wou stéiert d’Regierung hin? Wat ass elo dovunner zeréckzebehalen a wéi eng Punkten hunn ech mat an Debatt bruet?

Wirtschaftlech gesi geet et eisem Land gutt:

  • eis Ekonomie dréint
  • eis Wuesstemsprognose goufe kierzlech no uewe korrigéiert
  • eise Chômagetaux schrumpft
  • an eise Staatsbudget ass am grénge Beräich.

Awer net jidderee profitéiert gläichermoosse vun deene positiven Entwécklungen. Déi ongläich Verdeelung vum Wuelstand ass net ëmmer gerecht. An dofir goufe vill Mesure geholl fir der klammender Ongläichheet entgéint ze wierken.

– Fir d’Kafkraaft vun de Leit ze stäerken a fir méi sozial Gerechtegkeet, goufen eng Partie Initiative geholl. Ech erënneren do un:

  • d’Steierreform
  • de rezente Reajustement vun de Pensiounen an d’Hausse vum Mindestloun
  • d’Upassung vun de Barèmë vum RMG (fir t’éischte Kéier zanter 6 Joer)
  • grad wéi d’Indexéierung vun de Studiëbäihëllefen
  • an d’Subvention Loyer

– E weidert wichtegt Instrument an der Aarmutsbekämpfung ass den RMG, dee reforméiert gëtt zum neie REVIS. Eis Aufgab ass et dofir ze suergen, datt déi Menagen déi wierklech Hëllef brauchen se och kréien.

– Bei der Geleeënheet plädéieren ech dofir och de System vun der Obligation alimentaire op de Leescht huelen.

– Vu que mär elo eng allgemeng gutt wirtschaftlech Situatioun hei am Land hunn, ass d’LSAP der Meenung, datt weider Initiativen geholl musse gi fir de Familljen gezielt ze hëllefen -zb kéint de Staat d’Käschte vun de Schoulbicher am Secondaire iwwerhuelen.

– Kaum en anere Ressort weist méi kloer Ënnerscheeder tëschent de Parteien op, wéi d’Familljepolitik.

Fir mech ass d’Zil vun enger moderner Familljepolitik engersäits konkret Mesuren ze schafen, fir d’Elteren ze ënnerstëtzen, an anerersäits méi a Sachleeschtunge wéi a Geldleeschtungen ze investéieren.

Datt mär elo um richtege Wee sinn, geet e.a kloer aus de Conclusioune vun der EU-Commissioun ervir, déi si, am Rapport fir Lëtzebuerg, am Kader vum Semestre européen zitt. Mär kréie Recht, datt mär déi verschidde Prestatiounen a Mesuren op de Leescht geholl hunn. Fir se entweder ze verbesseren (Congé parental) oder ofzeschafen (Allocation d’éducation). Dat ass domadder och de genaue Géigendeel, deen déi gréissten Oppositiounspartei verteidegt.

Fir meng Partei ass kloer, datt mär net méi wëlle Mesuren ënnerstëtzen, déi e réckwäertsgewanntent Geschlechter- a Familljebild zementéieren. Dat Bild entsprécht weder de Liewensrealitéiten nach de Liewenswënsch vun de meeschte Familljen.

– Mär wëlle Fraen eng existenzséchernt Aarbecht erméiglechen a si virun Altersaarmut schützen. D’Potential, dat Frae fir den Aarbechtsmarché representéieren ass net ausgelaascht. Do ass d’Politik gefuerdert.

– Viraussetzung ass e.a. datt de Kader stëmmt. D’Eltere brauche Moossnamen mat deenen si hiert Privatliewe besser mam Beruffsliewe kënne verbannen. Dozou gehéiert:

  • qualitativ a quantitativ Kannerbetreiung
  • Neiausriichtung vum Congé parental
  • Reform vum Congé pour raisons familiales
  • Neistrukturéierung vun de Congé spéciaux
  • Verlängerung vum Congé Postnatal

– Dee nächste Schrëtt soll sinn, fir jidderengem – also deenen zwee Elterendeeler – e Recht op eng Aarbechtszäitverkierzung ze ginn, awer mat der Garantie fir zu engem spéideren Zäitpunkt nees kënne Vollzäit ze schaffen

– Zur Digitaliséierung verweisen ech ob den « Télétravail” an den « Homeoffice“. Ech warne virdruner elo ze mengen, dat wär déi perfekte Léisung, fir haaptsächlech schaffend Mammen, wëll si a.d.R da méi doheem sinn. Homeoffice ka keng feelend Betreiungsoffer ersetzen, mä soll zb den Elteren hirem Wonsch nozekommen, méi Zäit fir d’Famill ze hunn oder hinnen eng karrierefrëndlech Alternativ zur Opstockung vun der Deelzäit ubidden.

– Eis Systemer wéi eis Gesellschaft insgesamt, si stännegen Entwécklungsprozesser ënnerworf. Esou datt eis Sécurité social vun haut, net onbedéngt op all d‘Besoin vu moar zougeschnidden ass. D’Weiderentwécklung vun der Fleegeversécherung ass esou e Beispill. Dës Reform soll als Chance gesi ginn, Fleegeversécherung un déi aktuell Ufuerderungen unzepassen, fir eben nei Krankheetsbiller, Fleegeméiglechkeeten + modern technesch Hëllefsmëttel ze adaptéieren.

En gutt sozial Ofsécherung a sozial Gerechtegkeet sinn d’Basis fir eise sozialen Zesummenhalt hei zu Lëtzebuerg- an iwwregens dat beschtent Mëttel fir géint extrem Tendenzen a Populismus virzegoen!

error: Content is protected !!