eSports zu Lëtzebuerg unerkennen a fërderen?

video_1
Wéi ass d’Altersangab vu Videospiller gereegelt?
2 octobre 2018
LTR_Wort
Lentille Terres Rouges (PAG)
2 octobre 2018

eSports zu Lëtzebuerg unerkennen a fërderen?

e-sports1

Weltwäit spille ronn 2,5 Milliarde Mënsche Videospiller, vun einfache Spiller um Smartphone, iwwert „Casual Gamer“ bis zu professionelle Spiller.

D’Realitéit vun deneSports“ ass haut weit ewech vun de Stereotyppen, déi oft verbreet ginn an d’Bild an der Gesellschaft nach des Ëfteren dominéieren. Tatsächlech awer sinn di professionell Spiller haut éischter mat Sportler ze vergläichen, an et gëtt net wierklech en pertinenten Ënnerscheed z.B. zu Sportaarte wéi dem Schach.

An eisen Nopeschlänner gëtt sech politesch schonn eng Zäit mam Thema befaasst, sief dat am Frankräich, wou éischt Gesetzer fir den eSport ze reglementéiere geholl gi sinn, oder an Däitschland, wou den eSport net zulescht als Wirtschaftsfacteur gefërdert gëtt.

An och am Kader vun den Olympesche Spiller sinn Diskussiounen am Gaangen, esou huet sech de President vum Comité International Olympique dofir ausgeschwat, eSports als Disziplin unzëerkennen, an an Asien sinn eSports schonns eng unerkannten Disziplin.

Dofir froen ech beim Sportminister e.a. no: Wéi d’Lëtzebuerger Regierung zum eSport steet? Wéi de Secteur zu Lëtzebuerg opgestallt ass an evoluéiert? An ob eSports net och zu Lëtzebuerg solle gefërdert ginn?

>>>Detailer: https://www.lsap.lu/esports-zu-letzebuerg-unerkennen-a-ferderen/

error: Content is protected !!