CSV wëll erëm eng Familljepolitik wéi Fréier

LTR_Wort
Lentille Terres Rouges (PAG)
2 octobre 2018

CSV wëll erëm eng Familljepolitik wéi Fréier

Image_famille

D’CSV wëllt, dass d’Familljen de „Choix » hunn, fir dass ee vun den Elteren doheem bei de Kanner bleift. Wien dat an der Reegel ass, schéngt kloer : meeschtens sinn et d’Fraen, déi ophale matschaffe fir sech ëm d’Kanner an de Stot ze këmmeren. D’CSV proposéiert dofir e.a. d’Allocation d’éducation nees an ze féieren an d’Babyjoren auszedehnen (dh méi Joren an der Pensiounskees unzerechen).

Fir eng Partie Leit schéngt dat interessant ze sinn: ee vun den Elteren, ebe meeschtens d’Mamm, bleift doheem, kann sech ëm d’Famill këmmeren a wärend där Zäit lafen hier Pensiounsrechter virun, jo, deemno wéi gëtt et och nach all Mount eng kleng Mouk.

Just – am CSV Wahlprogramm gëtt e puer Zeile weider scho kloer, dass do nach e ganze Rateschwanz hannendrun hänkt: d’CSV wëll nämlech „auch die bestehenden Wiedereingliederungsmaßnahmen auf ihre Wirkung hin überprüfen und gegebenenfalls verbessern oder anpassen“.

 

Effektiv fonctionnéiert déi Saach vum Choix nëmmen esou laang wéi d’Koppel zesummen ass. Ganz dovun ofgesinn, dass d’Fraen zum gréissten Deel genee esou gutt wann net besser ausgebilt an diploméiert si wéi d’Männer a vun dohier och berufflech aktiv wëlle sinn. A ganz dovun ofgesinn, dass och d’Männer hier Roll längst net méi nëmmen doranner gesinn, fir schaffen ze goen an d‘Suen heem ze bréngen. Liewenswierklechkeet vun de Familljen huet sech verännert.

Mär wëssen, dass Ënnerbriechung vun enger Carrière duerch Decisioun fir sech jorelaang exklusiv ëm Kanner an Haushalt ze këmmeren, e negativen Impakt huet op déi finanziell Ofsécherung, op d‘Chancë fir duerno erëm eng Aarbecht ze fannen, besonnesch wann zB eng Scheedung d‘Liewesplanung duerchkräizt – wat jo (leider) ëmmer méi oft geschitt.

Esou kann d‘Allocation d‘éducation vun haut séier Hongerrent vu moar ginn.

An d’CSV gëtt jo selwer zou, datt et net evident ass no ville Joren aus dem Beruffsliewen eraus nees eng Aarbecht ze fannen. Déi Familljenorganisatioun, dee si wieder wëllt ënnerstëtzen, huet an hat schonns ëmmer als Konsequenz dass d’Fra sech vum Mann wirtschaftlech ofhängeg gemaach huet – mat allem wat do eben drun hänkt.

A genau déi do Problemer gi gären aus der Diskussioun ausgeblend. Doriwwer wëll kee schwätzen, wëll et ass net schéin, et ass net bequem an et demontéiert d‘Bild vum „fräiwëllege“ Choix.

 

Och kann ech mech net mat der Iddi ufrënden, ”Baby-years” eropzesetzen, wëll dëst setzt viraus, datt ee säi Beruff opginn huet.

Mär setzen op eng modern Familljen- an Aarbechtspolitik, déi et béiden Eltere soll erlaben, Famill a Beruff ënnert een Hutt ze kréien a sech zesummen ëm hier Kanner ze këmmeren. Dofir hu mir d’Allocation d’éducation gestrach a Reforme gemaach, déi erlaben, datt jiddereen ka bei senge Kanner sinn an dobäi e Fouss an der Aarbechtswelt behalen, wéi zb mam reforméierte Congé parental, deem neie Congé pour raisons familiales (fräi Deeg wann d’Kanner krank sinn), d‘Verlängerung vum Congé de maternité (Congé d’allaitement fir all Mamm) an déi 10 Deeg déi elo e Papp bei der Gebuert vu sengem Kand kritt.

An dat ass déi Politik déi ech ënnerstëtzen a weider well ausbauen: wou mär d’Konditioune fir Famillje verbesseren, fir béid Partner, zesummen, sech kënne gutt ëm Kanner, Stot a Beruff ze këmmeren.

 

Fra, Mann hautdesdaags wëllen aktiv sinn an si wëlle Kanner. Si wëllen sech net mussen decidéieren „entweder dat eent oder dat anert“. Dofir brauchen si Moyen.

D’LSAP steet fir eng Familljepolitik vun haut:

  • eng Politik déi engersäits méi a Sachleeschtungen wéi Geldleeschtungen investéiert
  • an anerersäits op Besoin Elteren ausgeriicht mat konkrete Mesure fir Famill a Beruff besser ënnert een Hutt ze kréien

 

D’Famillje solle méi Zäit fireneen hunn. Dat kéinte mär eis virstellen iwwert :

  • flexibel Aarbechtszäitmodeller (zb Aféiere vun engem Zäitspuerkont, Teletravail,…)
  • Recht op Deelzäit (aus familiäre Grënn bis Kand 12 Joer awer mat enger Garantie fir nees kënne Vollzäit) – dobäi iwwerhëllt de Staat d’Pensiounsbäitreeg déi feelen (fir bis zu 30% fir all Elterendeel)
  • eng Aarbechtszäitreduktioun mat eiser Propose vun enger 38h Woch (ouni Verloschter am Salaire, et behält ee seng ganz Paie)
  • Congéswoch (dat Stéckechersweis: iwwert 5 Joer soll all Joer 1 Dag Congé dobäi kommen)

Eng fortschrëttlech Familljepolitik ass eng Familljepolitik, déi d’Wuel vum Kand am A huet, mä och dat vun den Elteren a vergësst dobäi net d’Chancëgläichheet.

error: Content is protected !!