Budget 2017 mat e puer Projeten

Image RMG
Reform vum RMG
18 janvier 2017
image_nationalitéitegesetz
Reform Nationalitéitegesetz: oppen si fir nei Lëtzebuerger
8 février 2017

Budget 2017 mat e puer Projeten

mairie_esch-sur-alzette_01

De Budget ass e komplext Zuelewierk, mä en ass méi wéi dat. Budget debattéieren, ass -och wann et sech all Joers widderhëlt – alles anescht wéi Routine. Wëll mär stellen domadder Wäiche fir déi sozial, wirtschaftlech an urbanistesch Weiderentwécklung vun eiser Stad fir dat komment Joer an doriwwer eraus.

Déi finanziell Lag vun eiser Stadt ass nach laang net esou schlecht, wéi se awer gäre vu munche Säiten duerchgestallt gëtt. Et ass nach net un der Zäit fir grouss Loftspréng maachen, eis geet et awer net schlecht. Mär hunn d’Saach am Grëff a mussen dofir suergen datt dat och wieder esou bleiwt.

Esch ass an der Transformatioun: Esch bougéiert, Esch changéiert a bereet sech op nei Defië vir.

Esch ass an engem positive Sënn amgaangen säi Bild ze veränneren a  genau dat zeechent eng progressistesch Politik aus.

Zu de grousse Projeten, déi elo usti gehéieren e.a.:

  • Friche Esch-Schëffleng
  • Lentille Terres Rouges + Crassier
  • Fäerdegstellung vun der Jugendherberg
  • Projet « Wobrécken » (Schoul + Fleegeheem)
  • Ecole internationale fir déi nächst Rentrée (ale « Victor Hugo »)
  • weider Aarbechten um Galgebierg + Camping fir méi Attraktivitéit ze creéieren ( « Baamheiser »)
  • Projet « Park Lankëlz »(Tracol) fir eng neit Sporthal
  • Renovatioun vum Musée national de la Résistance
  • Projet « ZeBriDi »
  • Fokus op sozial Mietwunnengen (Mietkauf + Halbhaus)
  • Projet « BENU » + Ënnerstëtzung fir Geschäftslokaler
  • Projet « Portal 1 » (ale Site vum Garage Losch)
  • Projet « Mercure » an « Diva
  • Ausbau vun de Schouele Lalléng + Brouch
  • Nei Schoul op de Kleppen
error: Content is protected !!