Bautereglement – Eefamilienheiser

image_CCT
Kollektivvertrag Salariéën Südgemengen
28 février 2018
image_art
Escher Kulturförderprogramm
28 août 2018

Bautereglement – Eefamilienheiser

image_maison

Fir LSAP-déi Gréng Majoritéit war prioritär ëmmer sozial Mixitéit. Et gouf ëmmer drop opgepasst, Wunnraum fir verschidde Besoin en ze schafen + hu sech dofir engagéiert, datt keng Eefamilienheiser méi zu Gonste vu Residenzen ofgerappt ginn oder soss fir aner Zwecker einfach esou ëmgebaut däerfe ginn.

Dës Decisioun huet sécherlech enorm zu enger héijer Liewensqualitéit bäigedroen. Et hat och positiven Effekt datt d’Praisser net méi sou schnell eropgaangen.

Mär Sozialiste sinn nach ëmmer Meenung, datt Eefamilienhaus besonnesch Zentrum Eenamilienhaus muss bleiwen, well soss wäeren déi, mat grousser Wahrscheinlechkeet, schon all fort.

A wëllen ausdrécklech, datt Jonker, Familljen Esch wunne + hei hirt Liewen opbauen

De Punkt = awer elo datt nom Verbuet vun 2004, vill Eefamilienheiser an der Peripherie, also an Quartieren ronderëm „Al Esch“ + „Brill“, zerstéckelt goufe fir Studio’en, Zëmmeren oder fir aner Verwendungen ze maachen.

Dës Modifikatioun am Bautereglement mécht dofir Sënn.

Sozialistesch Fraktioun stëmmt dëse Propose zou, esou wéi schonns an Stadtentwécklungscommissioun, wou Vertrieder DP + CSV hir Zoustëmmung net ginn haten.

Argument vun der Enteegenung konnte mär net novollzéien, där wuel och net soss géif där jo net dës Propose maachen

error: Content is protected !!