Aarbechtszäitkonten: och fir d’Salariéeën aus dem Privatsecteur!

Esch2022
#ESCH2022: Die Chance für uns alle
10 novembre 2017

Aarbechtszäitkonten: och fir d’Salariéeën aus dem Privatsecteur!

image_Aarbechtzäitkonto

Ufangs nächst Joer soll e Gesetzentworf op den Dësch fir Aarbechtszäitkonten am Privatsecteur anzeféieren. Dat wär eng gutt Saach, fir d’Zäitsouveränitéit vun de Salariéën ze stäerken, a fir Beruff a Privatliewe besser openeen ofzestëmmen. Aarbechtszäitkonten wären e weidert Instrument fir flexibel Aarbechtsgestaltung, a passen dohir och gutt zur Diskussioun ëm Aarbechtszäitverkierzung.

Als éischt emol zur Erklärung wat Aarbechtszäitkonten sinn: Dës fonktionéieren ewéi e Spuerbuch, just dass hei keng Suen mä Aarbechtsstonnen ugesammelt a bei Bedarf ageléist kënne ginn. E Konto voller Zäit also. Heibäi handelt et sech ëm Iwwerstonnen. Allerdéngs ginn dës net wéi bis elo ëmmer üblech, kuerzfristeg iwwer eenzel fräi Deeg „erageholl“, mä së kënnen iwwert eng länger Zäit ugespuert ginn, fir da spéider genotzt ze ginn, ganz no de perséinleche Besoinen a verschiddene Liewensphasen: Während vläicht e jonken Berufsufänger ouni Famill kee Problem huet emol Iwwerstonnen ze maachen, hu jonk Elteren vläit éischter de Wonsch manner ze schaffen,  spéider nees méi wann d’Kanner grouss sinn. Vläicht wëll awer och eng Persoun zu engem gewëssen Zäitpunkt vun hirem Liewen e gréisseren perséinlechen Projet ëmsetzen an duerfir eng Paus vun e puer Méint huelen. Oder eng Persoun kann éischter a Pensioun goen.

De groussen Avantage vun den Aarbechtszäitkonten ass fir de Salarié, dass säin Akommes an alle Phasen dat selwecht an d’Aarbechtsplaz voll erhale bleift. Fir de Patron ass et de Virdeel, dass hien de Moment wou d’Besoinen bestinn, iwwert déi néideg Main d’Oeuvre verfügt a keng Zouschléi fir Iwwerstonnen muss bezuelen. Och ass en Aarbechtszäintkonto en attraktiven Moyen fir Salariéeë laangfristeg un e Betrib ze bannen, se ze motivéieren oder fir Neier unzezéien.

Aktuell feelt hei am Land eng gesetzlech Basis. Déi ass awer wichteg fir engersäits de Betriber Planungssécherheet ze ginn, anerersäits déi schaffend Leit géint Ausbeutung ze schützen. Esou muss z.B. d’genau Bestëmmung vun de Stonnen an d’Fräiwëllegkeet geregelt ginn. An et muss sécher gestallt ginn, dass am Fall vun enger Faillite, déi ugespuerte Stonne net einfach fort sinn.

Fir den ëffentleche Secteur huet de sozialisteschen Inneminister schonn Neel mat Käpp gemeet. En entspriechenden Text ass um Instanzewee – elo muss de Privatsecteur nozéien! Hei konnten sech d’Sozialpartner bis haut net eenegen, obwuel en Avis vum Wirtschafts- a Sozialrot vun 2004 virläit, dem esougutt d’Gewerkschaften ewéi d’Patronen zougestëmmt hunn.

De sozialisteschen Aarbechtsminister wëll Ufank 2018 en entspriechende Gesetzentworf virleeën. Mär als LSAP ënnerstëtzen dës Démarche, well mär kämpfe fir de soziale Fortschrëtt, vun dem d’Leit konkret eppes hunn.

error: Content is protected !!