AKTUALITEITEN


Aarbechtszäitkonten: och fir d’Salariéeën aus dem Privatsecteur!

Ufangs nächst Joer soll e Gesetzentworf op den Dësch fir Aarbechtszäitkonten am Privatsecteur anzeféieren. Dat wär eng gutt Saach, fir d’Zäitsouveränitéit vun de Salariéën ze stäerken, a fir Beruff a Privatliewe besser openeen ofzestëmmen. Aarbechtszäitkonten wären e weidert Instrument fir flexibel Aarbechtsgestaltung, a passen dohir och gutt zur Diskussioun ëm Aarbechtszäitverkierzung. Als éischt emol zur Erklärung wat Aarbechtszäitkonten sinn: Dës fonktionéieren ewéi e Spuerbuch, just dass hei keng Suen mä Aarbechtsstonnen ugesammelt a bei Bedarf ageléist kënne ginn. E Konto...

#ESCH2022: Die Chance für uns alle

Nun wird wird sich entscheiden, ob Esch und seine Nachbarn das Label Europäische Kulturhauptstadt 2022 verliehen bekommen. Somit könnte der 10. November 2017 als der Tag in unsere Geschichte eingehen, an dem der Startschuss für den Aufstieg in eine andere Liga fiel. Denn entscheidend ist nicht, was eine Bewerberstadt gegenwärtig zu bieten hat. Entscheidend ist, wohin sie sich bis 2022 zu entwickeln gedenkt. Und in diese Entwicklung sollen alle Bürger miteingebunden werden. Ich möchte hier vorweg schon einmal kurz drei...

#Etat2017: Liewensqualitéit fir Lëtzebuerg

De Premier Xavier Bettel huet seng Ried zur Lag vum Land um sozialen a wirtschaftleche Plang gehalen. Dono hunn déi eenzel Fraktioun an der Chamber sech dozou positionéiert. Wéi steet et dann ëm eist Land? Wou stéiert d’Regierung hin? Wat ass elo dovunner zeréckzebehalen a wéi eng Punkten hunn ech mat an Debatt bruet? Wirtschaftlech gesi geet et eisem Land gutt: eis Ekonomie dréint eis Wuesstemsprognose goufe kierzlech no uewe korrigéiert eise Chômagetaux schrumpft an eise Staatsbudget ass am grénge Beräich. Awer...

Zum Weltfraendag

« Keng Sonderechter, mä Mënscherechter »- dat hat déi däitsch Sozialistin Clara Zetkin 1910 op dem II. Kongress vun der Sozialistescher Internationaler zu Kopenhage gefuerdert. De Weltfraendag gëtt dëst Joer fir 106. Kéier “gefeiert”. Net nëmmen den 8. Mäerz, mä och Deeg virdrunner an dono fanne vill Veranstaltungen duerch ganz Land statt. Doniewent bitt sech awer och d’Geleeënheet fir e Bilan iwwert déi geleeschte Fortschrëtter ze zéien. An do solle mär houfreg op dat si wat, säit dës Koalitioun um Rudder ass,...

Reform Nationalitéitegesetz: oppen si fir nei Lëtzebuerger

Haut, den 9. Februar 2017, hu mär an der Chamber iwwert dat neit Nationalitéitegesetz ofgestëmmt. An aller Däitlechkeet wëll ech soen, datt dës Reform d’Auslännerwahlrecht net duerch d’hënnescht Dier erabréngt, wéi Kritiker behaapten. Villméi wëlle mär mat der Reform erreechen, datt eist Land weiderhin oppe bleift fir nei Lëtzebuerger, mam Haaptzil  den Zougang zur Lëtzebuerger Nationalitéit méi einfach ze maachen. Säit Joren engagéieren sech politesch Kräften, wéi d’LSAP géint den Demokratiedefizit (45,1% vun de Resident am Wahlalter däerfe kee Representant...


twiiter_logo_white@Tainabofferding

« Wieso tragen ihre Männer dann nicht die Nachnamen ihrer Frauen? Weil sie in einer Gesellschaft leben, die das weder vorsieht noch verlangt. Und solange das so ist: Behaltet eure Namen! » zeit.de/zeit-magazin/l…

La semaine dernière



Diskutéiert mat mär an den Soziale Medien


Diskutéiert mat mär an den Soziale Medien

error: Content is protected !!